Fir eng Restauratioun ze erméiglechen
Zu Veianen wëllt eng ASBL d’Bildchenskapell iwwerhuelen
Et ass genee 10 Joer hier, datt eng Partie Konventiounen ënnerschriwwe goufen, déi d’Relatiounen tëscht dem Staat an de Reliounsgemeinschafte reegelen.
Mat Bléck op déi kathoulesch Kierch gouf och gäre vun enger Trennung vu Kierch a Staat geschwat. Doduerch huet d’Fro musse gekläert ginn, wiem wéi eng Kierchegebaier gehéieren. Dës goufen tëscht dem Kierchefong an de Gemengen opgedeelt. Ma elo, 10 Joer méi spéit, wëllt zu Veianen eng ASBL eng Kapell kafen, fir se virum Verfall ze retten
Se ass zwar net sou al an och net grad esou spektakulär wéi d’Schlass, ma d’Bildchenskapell ass fir vill Leit trotzdeem grad esou enk mat Veianen verbonnen. Mee dat klengt Gotteshaus, dat vun 1848 bis 1850 no de Pläng vum Veianer Architekt Charles Arendt erbaut gouf, huet scho besser Zäiten erlieft. Well d’Restauratioun dem Kierchefong, deem d’Kapell aktuell nach gehéiert, ze deier ass, soll se fir de symboleschen Euro un eng ASBL goen, déi sech zum Zil gesat huet, d’Gebai ze retten.
Gaby Heger, Sekretärin vun der Restoratiun Vuam Veiner Bildchen ASBL: “Eng Kapell, déi dréngend muss restauréiert ginn, vue d’Fiichtegkeet, déi hei bannen ass. D’Kapell ass 2016 als Monument national klasséiert ginn, dat heescht, et ass just een Denkmal, dat derwäert ass, fir erhalen ze bleiwen. Et si ganz vill Leit, déi hei hinner kommen. Déi al Veianer hunn eng speziell Bezéiung zur Kapell. Ganz vill Wanderer kommen hei hinner, ganz vill Leit kommen hei hinner, wa se hiert Uleies wëllen néierleeën, wa se Problemer hunn. Dat war jo och de Grond, aus deem se gebaut ginn ass.”
Bei der ASBL schätzt een, datt d’Restauratioun tëscht 700.000 an 900.000 Euro kaschte wäert. Well d’Kapell als Monument national klasséiert ass, mussen d’Aarbechten ënnert der Leedung vum Institut national pour le patrimoine architectural, kuerz INPA, duerchgefouert ginn. Virun allem een Aspekt dierft opwänneg ginn an deemno och an d’Sue schloen.
“Dee gréissten Deel geet un d’Fräileeung vun de Fresken. Hei si ganz wonnerbar Fresken vum Charles Arendt an dono vum Carl Wilhelmy. A fir déi fräizeleeën, dat ass dee gréisste Posten. Dat ass eng Affär vu, wann ech mech richteg erënneren, 375.000 Euro. Dat ass dee gréisste Posten, deen natierlech awer och zum gréissten Deel vum INPA subventionéiert gëtt.”
Well d’Kapell am Laf vun de Joren op verschidden Arte beschiedegt ginn ass, goufen déi original Fresken deels iwwermoolt. Datt iwwerhaapt eng ASBL am Gespréich ass, fir ee Kierchegebai ze iwwerhuelen, läit och dorunner, datt weder d’Gemeng nach de Kulturministère um Gebai intresséiert sinn. Do spillt och mat eran, datt et deene Veianer Leit ee wichtegt Uleies ass, datt d’Kapell net desakraliséiert gëtt. Fir dat sécherzestellen, mussen d’Statutte vun der ASBL, déi sech spéider och ëm den Ënnerhalt vum Gebai këmmere wäert, ugepasst ginn. Nieft der traditioneller Bildchensprozessioun an der Woch viru Maria Himmelfaart am August ginn nämlech zum Beispill am Mee reegelméisseg Massen hei gehalen. Fir d’Restauratioun vun der Kapell bezuelen ze kënnen, si Spenden néideg. Bis elo huet een eppes iwwert 100.000 Euro beieneen, sou datt déi éischt Aarbechten am Fong zimmlech séier kéinten ausgeschriwwe ginn.
Wann der d’ASBL “Restoratiun vuam Veiner Bildchen” finanziell ënnerstëtze wëllt, kënnt Der dat iwwert dës Kontonummer maachen: BCEE LU68 0019 7455 8613 5000
(Marc Hoscheid RTL)