Dir set nët vergäss – Veinen erennert sich

Den 12. Februar 1945 guf Veinen als léetzt Stad vuam Land befreit.

Zanter 1995 gët all Jor an äner Gedinkfeier uan déijinig US-Zaldoten vuam „12 55 th. Engineer Combat Batallion“ erënnert, dei den 12. Februar 1945, also zwi Mint nom Uafank vuan der Rundstedtoffensiv den 16. Dezember 1944, d’Uewerstad vua Veinen befreit hoon. Et sollt du nooch zéin Deeg daueren, ier die deitsch Zaldoten och ous der Ënnerstad verdriiwe konnte gän.

Su guf och dëse Sonndig (18.2) a Präsenz vuam Deputy Chief of Mission vuan der US amerikanischer Ambassade Michael Konstantino, äner Delegatiun vuan der „Living history group Lux Yankees” an “Quadriga” suwi Veiner Awuaner an äner Zeremonie beim Monument om Belvedère hiich iwer Veinen dänen 11 US-Zaldoten gedoocht, die viruan 79 Jor bei der Befreiung vua Veinen hiert junkt Liäwen ho missen lossen. 50 vuan hieren Kommeroden gufen zum Däl schwier verwonnt. Bei den hoorde Kämpf gufen dämols 35 Häiser total zerstiert, 47 Häiser waren net mei bewuanbar. Dat menschlicht Lääd war dämols ganz gruss, well nët nëmmen Zaldoten hoon hiert Liäwe verluer, och ënner der Bevölkerung guf et en Parti Ofer ze bekloen.

No der Uasprooch vuam Veiner Buergermäster Francy Weyrich, dän a seiner Ried noch en keier op dei schrecklich Evenementer ous där Zeit agaangen as gufen Bloumen viruam Monument fir déi „6th Cavalry Group“ an dat „12 55th Engineer Combat Batallion“ néiergeloocht.

Um Uaschloss uan en Stëftungsmass an der Veiner Trinitarierkirich hot d’Veiner Gemän op en Ierewein invitiert.

Text/Fotos: Armand Wagner