Veiner Geschichtsfrënn soen dem Jean Milmeister merci

Den 4. August 2017 war en Delegatiun vuan de Veiner Geschichtsfrenn op Tënten fir hirem Irepresident merci ze soen fir sein 25jährig Presidentschaft. Béi där Geleeënhät hot de President Jean-Paul Hoffmann him en Aquarelle vuam Veiner Kënstler Lou Bassing iwerächt an druan erënnert dass de Jean Milmeister bis haut nët manner wi 150 Artikelen fir d’Jorbéicher vuan de Geschichtsfrënn geschriwen.

Am Hierst 1973 war de Jean Milmeister zesommen mam Victor Abens, Pierre Bassing a Jos Schaul Grënnungsmember vuan de Geschichtsfrënn.

Nom Dud am Dezember 1992 vuam Prof. Pierre Bassing, 2. Prësident nom Victor Abens, ass de Jean Milmeister du uafangs 1993 den neie President gän.

No 25 Jor uan der Spëtzt vuan de Geschichtsfrënn, hot hän du an der Generalversammlung 2017 ous gesondheetliche Grënn nët méi fir de Verwaltungsrot kandidiert. D’Generalversammlung hot hän du ästëmmig zum Irepresident gewielt.