D’Geschichtsfrënn

D’Veiner Geschichtsfrënn sen am Hierst 1973 vua fënef Veiner (Victor Abens, Pierre Bassing, Josy Kremer, Jean Milmeister a Jos Schaul) gegrënnt gän. E bësse mi spitt sën siewenzéin weider Membere derbéi komm, dëst ous der Erkeentnis erous dass än Däl vuam “Attrait” vua Veinen an seiner Geschicht wuorzelt an dass  viel historisch Änzelhäten “ouszegruawe” an ze verwerte bleiwen.
Déi ischt Statuten droen den Datum vuam 17. Dezember 1973.

Veinen ass nët “Stad” weenst seinen 1 500 Awuaner, mä verdankt dësen Titel änzig an elän seiner glorreicher  Vergangenhät.

Su ass den Zweck vuan dësem Veréin, d’Erforschung vuan der Vergangenhät, d’Inventarisierung vuan éise Konstscheetz an d’Sammelen vuan Dokumënter, Biller, Stëch a Fotoen.

Mat dem Erousginn vua Béicher a Schrëften, mat der Organisatiun vuan Ousteelungen , Konferënzen asw. gi mer d’Resultat vuan éiser Uabicht uan Veiner an d’Interessente weider.